Meng 45 Joer

«Meng 45 Joer» ass den Titel vun enger Féier, déi am Kontext vun engem Abschid an d’Pensioun organiséiert gouf.

D’Aufgab war eng visuell Identitéit fir dësen Abschid ze entwéckelen.

Fir d’Perséinlechkeet vum Client ervirzehiewen, gouf dat prägnantsten Element vu sengem Ausgesi benotzt: säi Schnauz. Och dem Client seng Aarbecht um Büro gouf als Thema opgegraff, dofir fënnt ee Stempelen, Tabellen a brong Enveloppen erëm. D’Identitéit sollt net ze serieux wierken.

Ëmfang vum Projet

  • Logo
  • Invitatioun
  • Enveloppe
  • Leitsystem

Servicer

  • Konzept an Ëmsetzung
LU