FAQ

Froen zum
Onlineshop

Commande

Muss ech e Kont opmaache fir eppes kënnen ze bestellen?
Nee, dat ass net neidesch.

 

Gëtt et d’Méigelegkeet eppes als Kaddo apaken ze loossen?
Jo. Am Onlineshop gëtt et en Produit mam Numm Gift wrap service. Hei huet een d’Auswiel zwësche verschidde Kaddospabeieren.

Bezuelen

Wéi kann ech bezuelen?
Folgend Méiglechkeete stinn zur Verfügung:
– Paypal
– Mat Kreditkaart iwwer Paypal (Ouni e Kont bei Paypal mussen ze hunn)
– Mat Virement (iwwer Mail)

 

Ech wëll léiwer mat Virement bezuelen (Bank tranfer). Geet dat?
Jo, schéckt eis einfach eng Mail, mir maachen dann d’Rechnung fäerdeg. Esoubal mir d’Suen kritt hunn, gëtt d’Commande verschéckt.

Liwwerung

Wéi gëtt meng Commande verschéckt?
Mir verschécken all Commande mat der Post.

 

Schéckt der och ausserhalb vu Lëtzebuerg?
Jo. Mir verschécken a folgend Länner:
– Lëtzebuerg
– Europa 1: Andorra, Éisträich, Belsch, Dänemark, Frankräich, Däitschland, Gibraltar, Monaco, Holland, Slowenien, Schweden, Schwäiz
– Europa 2: Zypern, Bulgarien, Kroatien, Tschechesch Republik, Estland, Finnland, Griicheland, Ungarn, Island, Irland, Italien, Lettland, Liechtenstein, Litauen, Malta, Norwegen, Polen, Portugal, Rumänien, San Marino, Slowakei, Spuenien

 

D’Land an deem ech wunne steet net an der Lëscht vun deene Länner wou der hinliwwert. Kann ech trotzdeem bestellen?
Schéckt eis einfach eng Mail, da kucke mir dass dat klappt.

 

Wéi héich sinn d’Versandkäschten ?
Lëtzebuerg: 5 €
Europa 1 an Europa 2: 12,50 €

Nach Froen?

An de Legal Notice ënnert dem Punkt Terms & Conditions related to SYMBOL’s online shop stinn all d’Informatiounen zum Onlineshop.

Wann awer nach Froen op sinn, kee Problem, schéckt einfach eng E-Mail.

LU