Happ & Malz

«Happ & Malz» ass en donkele Béier deen extra fir en Event hiergestallt gouf. Dëse Béier krut een nëmme wärend zwee Deeg ze kafen.

D’Aufgab war et, eng visuell Identitéit fir dëse Béier ze entwéckelen.

Fir de Charakter vun enger limitéierter Editioun ervirzehiewen, gouf beim Design drop opgepasst, dass alles héichwäerteg ausgesäit. Ausserdeem gouf beim Design op d’Traditioun vum Béierbrauen zu Lëtzebuerg agaangen. Dëst gouf mat Hëllef vun der Typographie, de Faarwen an de gewielte Materialien erreecht.

Duerch den Asaz vun enger transparenter Etikett op der Fläsch huet een den Androck dass d’Informatiounen direkt op d’Fläsch gedréckt goufen.

Zousätzlech zum Logo an der Etikett, goufen nach Béierdeckelen an en Opsteller entwéckelt.

Ëmfang vum Projet

  • Numm
  • Logo
  • Etikett
  • Béierdeckel
  • Opsteller

Servicer

  • Konzept an Ëmsetzung
LU