Prologue

«Prologue» ass en Vokabel-Spill fir Lokal- a Mannerheetensproochen aus der EU, wat op ënnerschiddlech Sproochenniveauen adaptéiert ka ginn.

D’Spill soll d’Awunner aus betraffene Regiounen dozou motivéieren d’Sprooch ze léieren. Ee vun de Problemer vu dëse Sproochen ass dass et oft un Léiermaterial mangelt.

D’Spill kann u Schoulen, Associatiounen a Privatleit verdeelt gi fir de Leit d’Sprooch méi no ze bréngen an se domat dono villäicht ze motivéieren se weiderzeléieren an hiert d’Wëssen ze verdéiwen.

D’Reegele kënnen un all Spiller individuell ugepasst ginn. Esou kënnen Eltere mat hire Kanner spillen a jiddereen huet dee selwechte Schwieregkeetsgrad, ugepasst un hiert Wëssen.

Perséinleche Projet

Ëmfang vum Projet

  • Numm
  • Logo
  • Spillwierfel
  • Spillfiguren a Wierfel
  • Kaarten
  • Spillheft
LU