40 Joer International Konschthandwierker-Deeg Buerglënster

Am Optrag vum Syndicat d’Initiative Jonglënster war d’Zil vun dësem Projet déi 40. Editioun vun hiren Internationale Konschthandwierker-Deeg ze feieren an den Aussteller e klenge Kaddo ze maachen. Dofir sollt eng visuell Identitéit entwéckelt ginn.

De Projet bestoung ënnert anerem aus engem Logo, deen och op sämtleche Kommunikatiounsmëttel verwent gouf, enger Email-Taass hirer Verpackung, enger Kaart an engem Entrées-Button. Dëst zesummen ass dann als klenge Give-away an eng Këscht verpaakt ginn.

Bei der Gestaltung stoung den Uert vum Event am Vierdergrond. Nieft den Aussteller ass d’Schlass an dat aalt pittoresk Duerf e Grond wat d’Konschthandwierker-Deeg esou speziell mëscht. Bei de Faarwen ass sech op d’Faarwe vum SIJ beschränkt ginn.

Ëmfang vum Projet

  • Logo
  • Verpackung
  • Taass
  • Kaart
  • Button

Servicer

  • Konzept an Ëmsetzung
  • Fotografie
LU